De Kleeschen an der Stad - St.Nicolas en ville
De 4. Dezember 2016 hu mir fir de Kleeschen an der Stater Gemeng gesong!Presentatioun vum Lidderbuch "Sang mat eis zwee"
Den 20.Oktober 2016 am Centre Culturel "Tramsschapp" um LampertsbiergD'Bouneweger Nuechtigailercher beim Prouwen an ënnerwee
Ob bei de Prouwen oder ennerwee: Et ass ëmmer eppes lass...Ausfluch an de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher
Den 3.Juli hun d'Juniors e flotten Dag zu Gréiwemaacher am Päiperleksgaart verbruecht!DON FIR D'ASSOCIATIOUN ILE AUX CLOWNS
En Deel vum Erléis vun eisem "Kids, Music & More" den 13.März 2016 wollte mir dëst Joër un eng Associatioun spenden. Am Kader vun eisem Barbecue hu mir der Associatioun "Ile aux Clowns" e Chèque vun 1500 Euro iwwerreescht.BARBECUE DEN 9.JULI 2016
Mat gudder Laun an engem leckeren Barbecue hu mir zesummen den Oofschloss vum Schouljoër gefeiert. Déi fläisseg Sängerinnen a Sänger si mat engem flotte Cadeau fir hirt Engagement belount gin.Kannerseenung an der Kathedral den 21.4.2016
Kids, Music & More 2016
De Kleeschen an der Stater Gemeng 2015
Ausfluch op Paräis 12.07.2015
No enger mat ville Concerten gefëllter Saison 2014-2015, hun eis Sängerinnen a Sänger e flotten Dag zu Paräis verbruecht. Vill getrëppelt, vill gesin, vill gelaacht a gegeckst, sou soll een d'Gesangsjoer ausklénge loossen :)
Dësen Ausfluch wäerten si wuel sou séier net méi vergiessen!
Auszeechnungsmass 2015
An der Auszeechnungsmass gi Sängerinnen- a Sänger mat engem schéinen Teller ausgezeechent, déi säit 5 Saison'en dobäi sin. Gratulatioun a weider esou!
Bouneweger Nuechtigailercher in Concert - Beaufort Castle 14.05.2015
Et wor den éischten Optrëtt fir d'Bouneweger Nuechtigailercher an enger Buerg. An esou enger uureger a spannender Kuliss haaten déi mannsten Sängerinnen a Sänger bis elo gesongen. En Erliewnis, wat si sou séier net wäerte vergiessen.
Geckeg Fréijorsprouwen
Natierlech gëtt an de Prouwen vill a flott gesongen, mee heinto duerfe och d'Gecken erausgelooss gin :) an dat mécht richteg Spaass!
Kids, Music & More 2015
Dëst Joer konnte mir mat Freeden déi Lampertsbierger Heemelsdéiercher bei eis zu Bouneweg um Kids, Music & More begréissen. Hinnen e grousse Merci fir hir flott Prestatiounen ënnert der Leedung vum Nicole Boulmont-Kerschen, déi wéi och bei de Bouneweger Nuechtigailercher eng formidabel Aarbecht leescht! Mir freeën eis elo schonns op de Kids, Music & More 2016!