Enn des Jors hun d’Bouneweger Nuechtigailercher etlech Concerten um Programm...
Aweiung vum Nikloossmaart op der Paräisser Plaz
Am November bedeelegen d’Nuechtigaliercher sech musikalech un der Eröffnung vum Nikloosmaart op der Paräisser Plaz. Egal op bei Reen, Schnéi a Keelt oder guddem Wierder sangen eis Kanner traditionnel Niklooss-an Adventslidder. Et ass och eng Traditioun gin, dass d’Sänger an hir Elteren sech duerno bei engem gudde Schoki opwierme kënnen.
Empfang vum Kleeschen op der Stater Gemeng
Dee Sonndeg virum 6. Dezember ass fir eis klengste Sänger ëmmer e groussen Dag. Si däerfen de Kleeschen héchstperséinlech an der Stad mat hirem Gesang empfänken a kréien dureno eng gudd gefëllten Tiitchen mat heem.
Bouneweger Nuechtigailercher an der Hellegowendmass zu Bouneweg aktiv.
De 24. Dezember sin d’Bouneweger Nuechtigailercher an der Hellegowendmass zu Bouneweg aktiv. Déi 3 Gruppen vum Kouer sangen déi bekannten an traditionnell Chrëschtlidder mat musékalëscher Ënnerstëtzung vun engem Gitarren-a Fluttenensemble ënnert der Leedung vum Nicole Boulmont a Jean-Marie Kirchen. Si ënnermolen d’Krëppespill vun de Massendénger gesanglech an suergen fir eng besënnlech Atmosphère an der Kierch.
D'Kannerseenung an der Oktoavzäit gëtt vu verschidde Kannerkéier aus der Pastoralregioun Lëtzebuerg verschéinert.
An der Oktavzäit bedeelegen sech d’Bouneweger Nuechtigailercher all Joer un der Kannerseenung an der Kathedral. Zesummen mat de Beggener Karmeschen sangen si traditionnel Oktavlidder a suergen fir eng ganz besonneg Amosphère an der Kathedral.
Zënter de 90er Joren organiséiren d’Bouneweger Nuechtigailercher hir grouss Kaffisstuff am Centre Culturel vu Bouneweg, déi mëttlerweil e neien Touch kritt huet. Net nëmmen de Numm, mee och dat ganzt Konzept gouf iwwerschafft.
Während déi verschidden Concert’en vun de Juniors a vum Kannerkouer am Mëttelpunkt stin, ass awer och de Workshop an d’Zesummenarbescht vun zwou invitéiert Choralen ewéi och e Special Act a natierlech déi grouss Tombola zu enger Attraktioun gin.